Trotz der Wafferou tëschent Israel an dem Iran, goufen et vu béide Säiten Uschëllegunge, et géif sech net un déi ofgemaachte Wafferou gehale ginn. Den Iran mellt sengersäits israeelesch Bombardementer, wärend et am Norde vun Israel och erëm e Bommenalarm gouf.
Israel huet gemellt, datt zwou iranesch Rakéiten interceptéiert gi wieren. Den israeelesche Verdeedegungsminister Katz huet direkt Géigenattacken ugekënnegt.
Den Iran awer huet dementéiert: Et wiere keng Rakéiten no der annoncéierter Wafferou méi geschoss ginn.
Den US-President Donald Trump hat um Dënschdegmoien eng Wafferou tëschent Israel an dem Iran annoncéiert. Béid Länner hu confirméiert, datt si den Accord géifen acceptéieren (en ass géint 6 Auer de Moien a Kraaft getrueden). E soll eigentlech progressiv iwwer 24 Stonnen ëmgesat ginn.
Op internationalem Niveau goufen et schonn eng Partie Reaktiounen: D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen huet op de soziale Medien de Waffestëllstand begréisst an den Iran dozou opgefuerdert, sech op en diplomatesche Prozess anzeloossen.
International Reaktiounen
Och Frankräich huet scho reagéiert a béid Partien dozou opgeruff, sech un d’Ofmaachungen ze halen.
Arabesch Länner, dorënner Saudi-Arabien, begréissen och de Waffestëllstand. De jordaneschen Ausseministère betount iwwerdeems, wéi wichteg den Dialog an d’Anhale vum Vëlkerrecht bei der Konfliktléisung sinn.
Den israeelesche Premier Netanjahu hat de Waffestëllstand dru gekoppelt, datt een d’Wafferou just acceptéiert, wann déi iranesch nuklear Menace "eliminéiert" wier.
Den Iran wéilt awer och no den Attacken op d‘Nuklearanlagen am Land, u sengem Atomprogramm festhalen.
Onkloer wéi grouss de Schued ass
Den Ament géif nach analyséiert ginn, wéi grouss de Schued ass, mee de Produktiounsprozess soll ouni Ënnerbriechung weidergefouert ginn, esou de Chef vun der iranescher Atomenergie-Agence.
Fir Experten ass de Moment nach onkloer, ewéi staark déi iranesch Atomanlagen duerch déi israeelesch-amerikanesch Bombardementer zerstéiert gi sinn.
D‘USA haten um Sonndeg déi ënnerierdesch Anlag Fordo mat Bommen attackéiert, déi Bunkeren duerchbrieche kënnen.
Den US-President Trump huet gesot, déi Anlag wier komplett zerstéiert ginn, déi Informatioun ass awer net confirméiert.
Weider Doudesaffer
Virum Waffestëllstand gouf et weider intensiv Attacke mat ballistesche Rakéite vu béide Länner. Israel mellt véier Doudesaffer, an den Iran 9.
Dem Donald Trump seng Annonce vum Waffestëllstand koum iwwerraschend. Nëmmen e puer Stonnen éischter hat den Iran eng amerikanesch Militärbase am Katar mat ballistesche Rakéiten ugegraff. Dat war déi erwaarten iranesch Reaktioun op déi amerikanesch Bombardementer vun iraneschen Atomanlagen den Dag virdrun.
Dem Donald Trump no, war et eng "ganz schwaach" Reaktioun, et hätt keng Affer ginn.
Hien huet Teheran Merci gesot fir am Viraus virun där Attack gewarnt ze hunn. De Katar huet confirméiert, datt all déi iranesch Rakéiten interceptéiert goufen.
Wirtschaftlech Konsequenzen
No der Annonce vun der Wafferou tëschent Israel an dem Iran sinn d‘Pëtrolspräisser weider gefall, wärend d‘Bourssen an Europa an de Plus gaange sinn.
D‘Präisser vum europäeschen an amerikanesche Pëtrol sinn nach emol ëm ronn 5 Prozent de Barrel gefall. Um Méindeg ware se scho 7 Prozent erofgaangen.
Wéinst dem Krich am Noen Oste waren d‘Pëtrolspräisser do virdrun däitlech geklommen.
Dësen Artikel gëtt kontinuéierlech iwwer den Dag aktualiséiert.