An der Vergaangenheet hat hien e puer mol gesot, datt d‘Ukrain Deeler vu sengem Territoire misst opgi fir datt de Krich op en Enn kéint kommen.
Elo awer huet den Donald Trump op sengem soziale Reseau Truth Social gesot, d‘Ukrain wier capabel, mat Hëllef vun der NATO an Europa, seng ursprénglech Grenze vu virun der russescher Invasioun zeréck ze gewannen.
Trump deelt géint Russland aus
Russland wier schwaach a géif no dräi an en halleft Joer ouni richteg militäresch Succèse wéi en Tiger ouni Zänn wierken, an et misst en dofir och den ekonomeschen Drock op Moskau weider verstäerken.
Dat sot den US-President no engem Gespréich mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um Bord vun der UNO Vollversammlung zu New York.
De Selenskyj an de franséische President Emmanuel Macron hunn dës Aussoe vum Donald Trump begréisst.
Do virdrun hat den amerikanesche President och nach gesot, datt russesch Militärfligeren, déi an de Loftraum vu NATO Länner géife fléien, missten ofgeschoss ginn.
Zweeten Dag UNO-Vollversammlung
Um zweeten Dag vun der UNO-Generaldebatt zu New York gëtt haut, um Mëttwoch, ënnert anerem eng Ried vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erwaart.
Nieft him stinn op Vertrieder aus dem Iran a Syrien op der Riednerlëscht. Doriwwer eraus wëllt den UNO-Sécherheetsrot sech haut mam Thema Kënschtlech Intelligenz befaassen.