D’Eckdate ware scho bekannt: Um Freidegmoien um 10 Auer dankt den ale Grand-Duc Henri of an um 11 Auer gëtt den neie Grand-Duc Guillaume vereedegt.
Duerno stinn zwee gutt gefëllten Deeg fir den neie Grand-Duc um Programm mat beispillsweis engem Tour duerch d’Land (Gréiwemaacher, Wooltz, Stengefort, Diddeleng, Stad) um Samschdeg.
De Betrib an der Stad soll gréisstendeels normal lafen, präziséiert d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Perturbatiounen am Traffic
D’Butteker wäerten op sinn. Den Tram fiert, ausser um Samschdegowend tëschent 6 Auer an 10 Auer wärend dem Spektakel op der rouder Bréck an um Glacis.
D’Automobiliste mussen sech allerdéngs op gréisser Perturbatiounen astellen an den nächsten Deeg: Vun dësem Samschdeg, 27. September, u bis de Samschdeg drop wäert d’Rout Bréck all Owend vun 10 Auer owes bis moies 5 Auer gespaart ginn.
Nuets sinn déi nächst Woch nämlech d’Prouwe fir de Spektakel op där Plaz, un där 1.600 Persounen deelhuelen, huet de Laurent Loschetter, den Direkter vum Atelier, de Muere verroden.