arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Trounwiessel" ass d'Wuert vum Joer 2025

Lëtzebuerger Sprooch

|
headphones

1 min

"Trounwiessel" ass d'Wuert vum Joer 2025

D'Wuert vum Joer 2025 ass "Trounwiessel". Dat Evenement, dat ufanks Oktober gefeiert gouf, schéngt de Leit am meeschten am Gediechtnes hänkebliwwen ze sinn. Op déi zweet Plaz kënnt Sozialdialog, virun Alphabetiséierung, Nickts-Affär a Pensiounsreform.

headphones

1 min

Am Communiqué vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch heescht et, datt virun allem déi national Aktualitéit d’Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer dominéiert huet.

Fir déi sechste Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum ZLS, vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mat Partner aus de Medien d’Wuert vum Joer gesicht.

Och dëst Joer hunn erëm de Radio 100,7, RTL, d’Tageblatt an d’Luxemburger Wort matgemaach, mat dësem Resultat:

  1. Trounwiessel

  2. Sozialdialog

  3. Alphabetiséierung

  4. Nickts-Affär

  5. Pensiounsreform

622 Propose mat ronn 190 verschiddene Wierder

Vu Mëtt November bis de 7. Dezember ëm Hallefnuecht konnt jidderee seng Propos fir d’Wuert vum Joer 2025 beim ZLS erareechen - entweeder op engem Ziedel op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en Online-Formulaire. Ronn 622 Propose mat ronn 90 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm, heescht et am Communiqué. 

Aus deene Proposen huet den ZLS eng Shortlist mat 20 Wierder gemaach an dem Jury virgeluecht. Den Haaptkrittär beim Choix war virun allem d’Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt goufen ënner anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d’Verbreedung, respektiv d’Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff.

2024 gouf d'Wuert "Presidententrick" zum Wuert vum Joer gewielt. 2023 war et "Kënschtlech Intelligenz", 2022 "Ukrainkrich", an 2021 de Begrëff "boosteren".