Speziell Porzeläinsproduiten an der Fënster, déi vum Haff geléint gi ware fir eng Ausstellung, hu vill Leit ugezunn. Dat well dës Kollektiounswuer e grousse Wäert huet, sot e Vendeur bei Villeroy&Boch.
Vill Fändele verkaaft
Et hätt ee wuel och Stécker fir den Trounwiessel produzéiert, déi goufen a ginn awer nëmme vun engem grousse Liewensmëttelgrupp verkaaft. Nawell huet de Responsabel vun engem schéinen Evenement geschwat.
“On est à 100 mètres du palais. Donc, on avait du monde jusque devant la boutique et enormément de passage. Donc, on a pu vendre un petit peu notre collection!”
Och enger Vendeus aus dem Souvenirsbutteck quasi vis-à-vis vum Palais no, war vill néi lass wéi soss. Virun allem och méi fréi am Dag. Um Freidegmoie goufen iwwerdeems absënns Fändele verkaaft.
“Les cartes après, mais, vraiment, à 10 heures, c’étaient les drapeaux en premier.”
Duerno koumen och nach Tasen ënnert d’Leit, mee knapps hat d’Madamm de Butteck moies opgespaart, waren nawell vill Leit do.
E groussen Honger a vill Duuscht
Et hätt ee gutt geschafft, huet de Verantwortleche vum Renert gemengt. Wuel wier et vill beienee gewiescht, mee dat wier gutt fir de Commerce. Iwwerhaapt wier déi ganz Woch gutt gewiescht, wéinst den Touristen, déi do waren.
“Haut war gemëscht. An der Woch waren d’Auslänner e bësse méi virun deenen Aneren do. Mir hu jo net souvill Plaz.”
An och fir e Restaurateur aus engem Café zwee Haiser niewendru war um Freideg eppes méi lass.
“Beaucoup plus de monde, beaucoup de touristes. Les habitués, les locauxpour le grand événement, et également avec la fête nationale allemande, beaucoup d’allemands en ville.”
Dat Ganzt ass geschitt op engem hallef ronne Gebuertsdag, dee mat engem aneren Evenement um Haff zesummegefall ass.
“En même temps aussi, c’est un peu nos 25 ans de la maison, cette année, comme la dernière passation, donc ça tombe bien!”
A virun der Dier, um Knuedler, blouf de rouden Teppech dee Moment nach leien, wougéint d’Gelänner schonn hir groussherzoglech Houssen erofgeholl kruten.