arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trounwiessel-Feier huet op d'mannst 14 Milliounen Euro kascht

Feierlegkeeten

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Trounwiessel-Feier huet op d'mannst 14 Milliounen Euro kascht

Den Trounwiessel huet op d'mannst 14 Milliounen Euro kascht. Nodeems d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Méindegmëtteg d'Käschte fir d'Gemeng Lëtzebuerg annoncéiert huet, hunn d'Maison du Grand-Duc an de Staat och hir Käschten oppe geluecht. Dobäi kommen d'Zuelen aus der Gemeng Diddeleng.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© SIP
(Foto: SIP)

4.845.000 Euro huet d’Stad Lëtzebuerg d’Feierlechkeete fir den Trounwiessel kascht. Déi Zomm huet déi Stater Buergermeeschtesch um Méindegmëtteg am Stater Gemengerot genannt. Dat op Nofro vun der LSAP-Conseillere Maxime Miltgen.

4 Milliounen Euro fir de Concert um Glacis

Haaptpiste waren dobäi d'Evenementer um Knuedler, déi mat 215.000 Euro zu Buch geschloen hunn, an de Concert um Glacis, dee 4 Milliounen Euro kascht huet. Dobäi koume Fraise fir d’Sécherheetsmaterial an d’Personal, souwéi Iwwerstonne fir Gemengepersonal.

D’Stater Buergermeeschtesch huet preziséiert, datt dës Gelder net am Budget fir dëst Joer konnte virgesi sinn, well Enn vum leschte Joer nach kee wousst, wéi d’Feierlechkeete géingen oflafen. D’Depensë wäerten deemno awer am Budget rectifié am Detail agedroe ginn.

D‘Stad Diddeleng hat iwwerdeems scho matgedeelt, datt sech hir Käschte fir d’Feierlechkeete vum Trounwiessel op 500.000 Euro belafen. D’Chiffere vun anere Gemenge sinn nach net bekannt.

Ronn 8,6 Milliounen Euro kascht et d'Maison du Grand-Duc an d'Regierung

8,6 Milliounen Euro huet eleng de Staat finanzéiert. Déi déckste Poste sinn dobäi 4,2 Millioune fir d‘SARL Den Atelier, deen d‘Evenementer an de Gemengen an op der Rouder Bréck organiséiert huet. 3,4 Milliounen Euro goungen un de Broadcasting Center Europe fir d‘Medienaarbecht.

E puer weider Zuelen erausgepickt: De Galadinner am Palais huet ronn 69.000 Euro kascht, d'Restauratioun an d'Dekoratioun eppes iwwer 110.000 Euro, déi nei Ikonographie bal 430.000 Euro an d'Mise en place vun engem Pressezenter 30.000 Euro. 

Am Pressecommuniqué vum Staatsministère a vun der Maison du Grand-Duc heescht et nach, datt ee mat der Organisatioun vun den Evenementer eréischt am Januar dëst Joer hätt kënnen ufänken, well de Grand-Duc Henri seng Ofdankung eréischt an der Chrëschtdags-Usprooch annoncéiert huet.

Finanzrapport Maison du Grand-Duc a Regierung

play_arrow Lauschteren