Eréischt viru gutt enger Woch krut de Gérard Pundel vun Encadrements In Octavo, ee vun den 3 professionellen Encadreuren hei am Land, op eemol ganz vill Demanden op ee Coup, fir d'Portraite vum neie Grand-Duc anzerummen. Eng 30 Institutiounen an ëffentlech Gebaier, déi allkéiers e puer Portraiten hunn, déi musse cadréiert ginn.
Al Rumme sinn net méi ze gebrauchen
Et ass eng Aart Traditioun, datt de Portrait vum Grand-Duc oder vun der groussherzoglecher Koppel an ëffentleche Gebaier hänkt. Mam Trounwiessel mussen also elo déi al Fotoe mat den neie professionelle Portraiten ersat ginn.
Aneschters wéi beim leschten Trounwiessel goufen d'Portraiten dës Kéier ouni Rumm geliwwert. Dobäi kënnt, datt déi nei Fotoen ee ganzt anert Format hu wéi nach déi al.
Fir de Gérard Pundel, Patron vun Encadrements In Octavo, bedeit dat, datt vill Assemblagen a kuerzer Zäit op Mesure musse gemaach ginn.
"Dat war ee Standardformat: D’Foto war 30 op 41, an elo ass et 37 op 55. Also ee komplett anert Format. Dat heescht, du kanns mol net déi al Rumme recuperéiere fir déi nei. Dat geet net."
Genee Virgabe vum Staatsministère
Eng 100 Encadrementer mussen hei nach gemaach ginn, erkläert de Gérard Pundel. Dëst wäert wuel nach de ganzen Oktober daueren. Encadrements In Octavo krut dofir genee Virgabe vum Staatsministère.
"An dat ass natierlech net sou evident, well voilà si soen dann: 'Il est recommandé d’opter pour un stil epuré, sans ornements excessifs. Les cadres en bois peuvent presenter différentes finissions naturelles, tel que le bois brut, le bois verni, le bois ciré ou encore le bois légèrement teinté, dans les tons neutres, comme chêne, noyer ou marron foncé."
Déi ganz Prozedur fir ee Portrait anzerummen dauert ongeféier annerhallef Stonn a kascht 250 Euro. Dofir muss fir d'éischt e Passe-partout gemaach ginn. Dee muss saierfräi sinn, fir datt en net verblatzt an d'Faarwe vun der Foto, mat där en zesummegepecht gëtt, net ugräift.
Fotoe solle laangfristeg erhale bleiwen
D'Glas, wat dann dobäi kënnt, ass ee speziellt sougenannt Muséesglas, dat d'Luucht net reflektéiert an d'UV-Stralen erausfiltert. An da gëtt alles mat der handgemaachte Rumm assembléiert.
“An da gëtt dat zesumme verbonnen, ee Paquet nennt een dat. An duerno gëtt dann d’Rumm gemaach. An dat Ganzt gëtt dann zesumme verbonnen, ganz zougepecht, stëbsfräi, fir datt och kee Stëbs an näischt erakënnt. An et gëtt och ee Kartong hannendru gemaach, fir opzehänken, an dat gëtt herno zesummen agraféiert."
D'Encadreure géifen op déi Manéier sécherstellen, datt d'Fotoen à long terme an de Rumme gutt erhale bleiwen, ouni ze verblatzen, wat zum Beispill an enger einfacher Rumm aus dem Eenzelhandel net garantéiert wier.
“Eng fäerdeg Rumm ass eben net esou gutt, déi kriss de hanne jo net gepecht. Et ass nëmme mat Spannere gemaach, an dat hält jo net. Dat ass gutt fir ee Joer oder zwee, mee net, wann s de dat qualitéitsméisseg wëlls."
Fir de Gérard Pundel sinn et stresseg Woche ronderëm den Trounwiessel, mee natierlech och ee gutt Geschäft. Ronn 20 Prozent Aarbecht hätt säi Betrib aktuell méi.