Déi offiziell Zeremonië fir den Trounwiessel goufe méintelaang preparéiert a bis an de klengsten Detail organiséiert. Um 10 Auer de Moie kënnt deen éischte groussen historesche Moment: D‘Abdicatioun, also d‘Ofdankung, vum Grand-Duc Henri an der Salle des Fêtes vum groussherzogleche Palais.
Zwee historesch Momenter
Um 9:30 scho gi virun der Haaptentrée vum Palais déi national an international Dignitairë vun der groussherzoglecher Koppel empfaangen. Um 10:00 Auer ënnerschreiwen de Grand-Duc Henri an de Premier Luc Frieden dann de groussherzoglechen Arrêté fir d‘Abdicatioun vum Grand-Duc Henri. Duerno hält de Premier Luc Frieden eng Ried.
Um 11 Auer kënnt an der Chamber, direkt nieft dem Palais, deen nächsten historesche Moment vun dësem Trounwiessel: An enger ëffentlecher Plenièressëtzung vun der Chamber leet deen neie Grand-Duc Guillaume virum Parlament säin Eed of an hält säin "Discours du trône" - seng Trounried - op Lëtzebuergesch.
Entouréiert ginn déi Zeremonië virum Palais och vum Détachement d‘honneur vun der Arméi a Police.
Alles dat gëtt live aus der Chamber op Ecran live iwwerdroen. De Radio 100,7 iwwerdréit d‘Ofleeë vum Eed och live.
Mee Dausende Leit wäerte sech beim a ronderëm de Palais an d‘Chamber versammele fir nozekucken, an derbäi ze sinn.
E Galadinner zum Ofschloss vum Dag
Kuerz no der Mëttesstonn, um 12:15, kënnt den neie Grand-Duc Guillaume zesumme mat der groussherzoglecher Famill an den auslänneschen Dignitairen op de Balcon vum Palais, fir sech vun de Leit feieren ze loossen.
Domat ass den Dag nach laang net eriwwer. Ënner anerem ass géint 13:30 e Bain de Foule um Knuedler. De Grand-Duc Guillaume an d‘Grande-Duchesse Stéphanie begéinen do de Publikum.
De leschten Héichpunkt vum Dag haut ass dann e Galadinner den Owend am groussherzogleche Palais um 19:15 Auer.
Muer um Samschdeg geet et da weider mam Grand-Duc senger feierlecher Tournée duerch d‘Land, mat fënnef Etappen.
All d‘Zeremonien a Festivitéite ronderëm den Trounwiessel kënnt Dir natierlech hei um Radio 100,7 suivéieren.
Eise Liveticker fannt Dir hei.