Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Trotz negativer Tendenz bleift d'ALEBA zouversiichtlech

Sozialwalen

Trotz negativer Tendenz bleift d'ALEBA zouversiichtlech

Et waren déi éischt Delegatiounswale fir d’ALEBA als Association Luxembourgeoise de tous les Employés ayant Besoin d'Assistance, wéi si sech elo nennen. D’Gewerkschaft hofft, op national Representativitéit, also 20 Prozent vun den nationale Stëmmen, an ass iwwerzeegt, dat bis 2029 ze erreechen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Roberto Mendolia | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Roberto Mendolia vun der ALEBA- (Foto: Jo Diseviscourt)

Um Ufank vun der Walsoirée gëtt sech de President vun der ALEBA, de Roberto Mendolia, ganz zouversiichtlech.

“On a posé les premières pierres d’un futur syndicalisme à Luxembourg avec une voix centriste qui n’aura pas peur de dire ce qu’il faut dire. Avec la bonne étude juridique derrière avec le support de vous tous. On va y arriver. En 2029 on est sur d’être national, je peux vous le dire.”

Negativen Trend bei de Banken an am Assurancësecteur

Mat den éischte Resultater schéngt d’ALEBA am Assurancësecteur awer net bäileeën ze kënnen: Bei der Lalux bleift et bei de véier Mandater, a bei der Baloise verléiert d’ALEBA zwee Mandater.

Deen Trend schéngt sech och ze confirméieren, wéi bis déi éischt Resultater vun de grousse Banken erakommen: Jeeweils ee Mandat manner bei der BIL a bei der BGL, a ganzer dräi Mandater manner bei der Banque de Luxembourg. Wéi erkläert sech d’ALEBA dës Verloschter? Dozou de Vize-President Jean-Jacques Rieff.

“Jo mir wëssen, datt dat een Trend ass, scho bei de leschte Walen huet sech deen Trend scho erëmgespigelt. Et ass einfach, well déi grouss Gewerkschaften, haaptsächlech den OGBL, eng ganz aggressiv Walcampagne geféiert hunn. An d’ALEBA mécht dat net. Mir si méi dezent a mir fueren eng aner Method. Mee dat schéngt awer elo bei verschiddenen net esou gutt unzekommen.” 

D'Fondatioun fir 2029 ass geschaf

Et wier och normal, ufanks Schwieregkeeten ze hunn, sech a Secteuren ze etabléieren, an deenen ee bis elo nach net present war. Zouversiichtlech bleift d’ALEBA trotzdeem, esou de Roberto Mendolia.

“Si je prends ma société, Clearstream, 16 élus sur 23, très très positif. 100 pourcent dans des entreprises, où nous nous ne les attendions pas nécessairement.”

Haut hätt een eng zolidd Basis geschaf, fir 2029 an alle Secteure present ze sinn, esou nach de President vun der ALEBA Roberto Mendolia.

Lauschterenplay_arrow