arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz militärescher Presenz vun den USA wäert den Iran sech net aschüchtere loossen

Iran

|
headphones

1 min

Trotz militärescher Presenz vun den USA wäert den Iran sech net aschüchtere loossen

Den Iran wäert sech net aschüchtere loossen, well d’USA hir militäresch Präsenz am Golf verstäerkt hunn. Dat sot den iranesche Chefdoplomat, den Abbas Aragchi.

headphones

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Et wäert een op kee Fall op d’Uranureicherung verzichten, well een dat fir zivil Zwecker wéilt maachen, sot hie weider.

Déi Deklaratioun kënnt een Dag no enger Visite vum US-amerikanesche Spezial-Beoptragte fir den Mëttleren Osten op engem amerikaneschen Militärschëff, deen am Golf stationéiert ass. 

Am Sträit tëschent den Iran an den USA geet et an der Haaptsaach ëm den iraneschen Atomwaffeprogramm, deen net vun den Amerikaner toleréiert gëtt.