Ronn 2.860 Residenten hu sech de leschte Mount nei beim Aarbechtsamt ageschriwwen. Dat waren 300 Persoune méi wéi am Juli d'lescht Joer, wat eng Hausse vu bal 12 Prozent ausmécht.
Am meeschte betraff wiere Leit iwwer 45 Joer an héich qualifizéiert Leit. D‘Secteuren, déi am meeschte betraff sinn, sinn: D'Comptabilitéit, Sekretariat an Assistance, Informatik an den Transportsecteur.
Am Ganze waren Enn Juli ronn 18.400 Persounen op der Sich no enger Aarbecht. Dat sinn der 500 méi, wéi virun engem Joer. Gläichzäiteg sinn déi fräi Plaze bei der Adem ëm iwwer 10 Prozent zeréckgaangen.