Radioen

On air

9 bis 1  |  Klein - Episode

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Suergen ëm Gesondheetszoustand: Joe Biden hält u Kandidatur fest

USA

Trotz Suergen ëm Gesondheetszoustand: Joe Biden hält u Kandidatur fest

Den Joe Biden steet weider ënner Drock no senger Performance am éischten TV-Duell d‘lescht Woch géint den Donald Trump. Den Joe Biden selwer sot, hie wär midd gewiescht, well hie virun der Debatt vill an d‘Ausland gereest wier.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP

Hie wier dowéinst bal op der Bün ageschlof, esou President bei engem Walkampf-Optrëtt am Staat Virginia.

Et wier legitim, sech Froen iwwer dem President säi mentalen a physeschen Zoustand ze stellen, sot d'Nancy Pelosi, fréier demokratesch Cheffin vum Representantenhaus an engem Interview mam US-Sender MSNBC.

Hien hat sech bei der Debatt e puermol verschwat a Sätz net fäerdeg kritt. Zanterhier lafen och bei den Demokraten Diskussiounen, ob deen 81-Joer alen Joe Biden nach kapabel ass, eng weider 4 Joer President ze bleiwen, wann hien erëmgewielt géif ginn.

Den Joe Biden selwer sot bis elo, hie géif u senger Kandidatur fir d'Presidentschaftswale festhalen.