211 Geschäfter ware mat Stänn an de Stroosse vertrueden.
Datt déi franséisch Schoulrentrée op de nämmlechten Dag wéi d’Braderie gefall ass, wier och éischter keng gutt Saach gewiescht. Wou d’Wieder am Laf vum Méindeg awer besser ginn ass, waren d’Stroossen an der Stad awer gutt gefëllt an d’Stater Geschäftsleit wieren zefridden, wéi d’Presidentin vum Stater Geschäftsverband Mireille Rahmé seet.
“Méindes, also vun deenen 211 Geschäfter, déi do mat gemaach hunn, déi e Stand dobaussen haten, do sinn der awer ganz, ganz vill, also déi ganz zefridde waren a sinn der och, déi besser geschafft hunn, souguer wéi d'lescht Joer.”
Schung a Kleeder bleiwen déi beléiftste Produiten, déi Leit op der Braderie kafen. Iwwerdeems gëtt de Weekend virun der Braderie ëmmer méi wichteg.
Den Haaptaccent läit awer nach ëmmer um Braderies-Méindeg, esou nach d’Mireille Rahmé.