Radioen

On air

Tockcity  |  Courting - Pause at You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz méi Policepresenz: Situatioun op der Gare verbessert sech net

Biergerinitiativ

Trotz méi Policepresenz: Situatioun op der Gare verbessert sech net

D’Situatioun op der Gare huet sech trotz méi Policepresenz net verbessert. Dat seet d’Laurence Gillen vun der Biergerinitiativ, déi sech fir méi Sécherheet op der Gare asetzt. Nach am Februar dëst Joer hat d’Biergerinitiativ eng Demonstratioun organiséiert fir op d’Drogeproblematik am Garer Quartier opmierksam ze maachen.

auto_stories

1 min

Foto: Morgane Weidig

Gefuerdert gouf eng permanent Policepresenz ronderëm d’Gare. Et géif een daagsiwwer duerchaus mierken, datt méi Polizisten a Polizistinnen op a ronderëm d’Gare patrulléieren, an dat géif d’Biergerinitiativ begréissen, erkläert d’Laurence Gillen.

De Problem wier, wann Owes eppes lass wier.

„Also wann d’Dealeren an d’Drogenofhängeger an den Entréeë setze fir sech ze sprëtzen, do gesäit een se leider net. D’Dealere laueren nach ëmmer doruechter.“

Och an der Stad selwer, op der Plëss an um Hamilius géif si fannen, datt et „Gare-méisseg“, géif ginn.

D’Biergerinitiativ kéint awer elo net all Weekend op d’Strooss goe fir géint den Drogemarché op der Gare ze demonstréieren. Et hätt ee sech jo gewisen, elo wier et un der Politik nach weider no Léisungen ze sichen, esou nach d’Laurence Gillen vun der Biergerinitiative.