Radioen

On air

Notturno  |  George Riley - Sacrifice

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Kritik och aus eegene Reien: Biden bleift am Walkampf

USA

Trotz Kritik och aus eegene Reien: Biden bleift am Walkampf

An den USA mécht de President Joe Biden trotz all Kritik weider Walkampf. Bei engem Optrëtt zu Detroit am Bundesstaat Michigan huet den 81 Joer ale Staatschef sech hënt keng Selbstzweiwel umierke gelooss.

auto_stories

1 min

Foto: picture Alliance

Hie wéilt a géif nees géint säi republikanesche Géigner Donald Trump gewannen. De Biden huet seng Ried dobäi vun Teleprompter ofgelies an nëmme wéineg improviséiert.

An de leschte Woche waren dem President bei ëffentlechen Optrëtter eng ganz Rëtsch grav Feeler geschitt, sou hat hien den ukrainesche President Selenskyj um NATO-Sommet zu Washington als President Putin virgestallt.

Souguer Leit aus sengen eegene Reien hunn de Biden doropshin opgefuerdert, sech aus der Course ëm de Presidenteposten zeréck ze zéien.