Bescht Gewielte bei de Wale gëschter ass de Christian Turk,deen 275 Stëmme krut. De Rafael Fernandes koum mat 266 Stëmmen op déi zweete Plaz. De Jacques Schuler koum koum op déi drëtte Plaz a gouf netan de Gemengerot eragewielt. Hien hat 215 Stëmme kritt.
Am Gemengerot vu Bech bleift trotzdeem ee Sëtz fräi. De 6te Mee huet nämlech den Emile Bohnenberger säi Récktrëtt annoncéiert. Den Delai war awer ze kuerz fir dat Mandat bei de Komplementarwalevu gëschter nei ze besetzen.
Och an der Fiels goufen et Komplementarwalen
An der Gemeng Fiels goufen et gëschter och Komplementarwalefir zwee Posten am Gemengerot nei ze bestëmmen. D’Annette Feyerstein gouf mat ronn 21 Prozent vun de Stëmme gewielt an de Philippe Deischter, deen op 20 Prozent koum, kënnt och an de Gemengerot eran.
Déi fréier Buergermeeschtesch Natalie Silva, déi berufflechan den Inneministère gewiesselt ass, an d’Liz Heintz, déi geplënnert war, haten hir Demissioun agereecht.