arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Éischt Hëllef vum Personal: Police mellt Doudesfall an der Diddelenger Schwemm

Police

|
reading time

1 min

Trotz Éischt Hëllef vum Personal: Police mellt Doudesfall an der Diddelenger Schwemm

D‘Police mellt en Doudesfall an der Diddelenger Schwemm. Gëschter am Nomëtteg war si wéinst engem medezineschen Noutfall dohi geruff ginn. Eischten Erkenntnisser no war e Mann am Waasser entdeckt ginn, dee sech net méi beweegt huet.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D‘Schwemm-Personal huet de Mann aus dem Waasser geholl an Éischt Hëllef geleescht. De Mann koum an engem kriteschen Zoustand an d‘Klinik. Do ass hien de Moien gestuerwen.

D‘Police huet eng Enquête lancéiert fir déi genee Emstänn vum Virfall ze klären. 

Den Diddelenger Buergermeeschter a Schäfferot schreift an engem Communiqué, datt een an enkem Kontakt mat den zoustännegen Autoritéite stéing a mat hinne géif zesummeschaffen. D‘Gemeng géif och déi concernéiert Mataarbechter:inne vun der Schwemm ënnerstëtzen, déi e schwéiere Moment géifen duerchliewen.