Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Triple A" fir Lëtzebuerg ass confirméiert

Finanzen a Wirtschaft

"Triple A" fir Lëtzebuerg ass confirméiert

D'Agence Scope Ratings huet den "Triple A" fir Lëtzebuerg confirméiert, dat mat stabille Perspektiven. Dat deelt de Finanzministère haut um Samschdeg mat.

auto_stories

1 min

© Ilona Lablaika
(Foto: Ilona Lablaika)

Scope géif domat erëm déi gutt finanziell Situatioun vum Land ënnersträichen, déi op staark wirtschaftlech Fundamenter an eng virsiichteg Budgetsgestioun zeréckzeféiere wier.

Déi cibléiert Ënnerstëtzunge fir de Bausecteur an d'Privatstéit hätten 2024 zu enger wirtschaftlecher Erhuelung bäigedroen. D‘Wuesstemsprognos géife vun héijen ëffentlechen Investissementer ugedriwwe ginn, heescht et weider am Communiqué.

Scope ratings rechent mëttelfristeg mat moderate Budgetsdefiziter an enger nohalteger Entwécklung vun der Staatsschold.