Nodeems ee Camion d’Leitunge vum Tram um Kierchbierg geschiedegt huet, wäert d’Tramslinn tëschent Theater an Alphonse Weicker nach bis de Rescht vum Owend ënnerbrach sinn. Dat erkläert de Carlo Hentzen, Direkteur d’Exploitation vu Luxtram am 100,7 Interview.
Aarbechten bis muer de Moien fäerdeg
Vu muer de Moien u, sollen d’Aarbechten awer esou wäit fäerdeg sinn, datt den Tram nees duerchfuere kann. Allerdéngs tëschent den Arrête Philharmonie a Coque mat maximal 30 Stonnekilometer, esou de Carlo Hentzen. Fir den Owend géifen d’Leit op de betraffene Quaie guidéiert ginn.
“Mir hunn eis eege Leit vun deem Moment u wou et geschitt ass, op den Haltestelle stoen, souwäit ech weess huet och d’Gemeng e puer Leit positionéiert fir einfach eise Gäscht ze soe, se sollen sech op der Luxexpo un de Bus wenden, wann se um Alphonse Weicker stinn. Déi aner Arrêten do ass tëschent 500 Meter a 700 Meter d’Konrad Adenauer zur Verfügung.”
Zum Accident ass et komm, well op deem Camion de Kran ze héich stoung, an doduerch goufen d’Leitunge beschiedegt, erkläert de Carlo Hentzen. Et gouf awer kee blesséiert.