Wéi d’Traditioun et wëllt war gëschter op Stiefesdag d’Generalversammlung vun der Studentenorganisatioun ACEL. 80 Vertrieder:inne vun de 40 Studentencercele koumen zesummen, fir iwwer déi aktuell Dossieren ze diskutéieren.
Pensiounsreform: Studentejore gi weider gekuckt
2025 gouf et jo Diskussiounen iwwer d’Reform vun de Pensiounen. Et wier een zefridden driwwer, datt d’Studiejore weiderhi fir d’Karriär solle matbeuecht ginn.
Et erwaart ee sech awer nach weider Schrëtt an där Reform.
3 méiglech Sitte fir d'Studentefoire
2026 feiert d’ACEL hire 40. Anniversaire. An deem Kontext wëllt een d’Konzept vun der Studentefoire nach eng Kéier iwwerdenken a probéieren, déi op enger zentraler Plaz kënnen ze organiséieren.
Dräi Sitte ginn an d’A gefaasst: d’Luxexpo, d’Coque oder den europäesche Convention Center um Kierchbierg.
Nächst REEL zu Oochen
2025 gouf et dann a 25 Stied de Student fir een Dag, fir den zukünftege Studenten aus Lëtzebuerg ze erméiglechen, déi Stied ze besichen.
Iwwer de Site studenteguide.lu kann ee weider Informatioune fannen.
Déi nächst REEL - déi grousser Reunioun vun de Studenten - ass am September zu Oochen.