arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tour de France: Pogacar dominéiert an d’Hëtzt suergt fir Debatten

Vëlosport

|
reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Tour de France: Pogacar dominéiert an d’Hëtzt suergt fir Debatten

No der éischter Woch vum Tour de France gesäit de fréiere Lëtzebuerger Profi Michel Ries den Tadej Pogacar kloer am Virdeel. Gläichzäiteg bleift d’Diskussioun ëm d’Hëtzt am Vëlossport aktuell.

reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow
De dänesche Cyclist Jonas Vingegaard am Biergtrikot an de sloweenesche Cyclist Tadej Pogacar am Maillot jaune virun der 9. Etapp  | © EPA/GUILLAUME HORCAJUELO
Den dänesche Cyclist Jonas Vingegaard am Biergtrikot an de sloweenesche Cyclist Tadej Pogacar am Maillot jaune virun der 9. Etapp (Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

Den Tadej Pogacar huet d’Pyrenäen-Etapp dominéiert an huet sech eng Avance vun 02’42” op de Jonas Vingegaard am General geséchert. Fir de fréiere Vëlosprofi Michel Ries ass eng Virentscheedung gefall, och wann den Tour nach laang net eriwwer ass.

"Kann een natierlech och scho soen, datt eng definitiv Virentscheedung gefall ass."

De Pogacar hätt net nëmmen individuell seng Stäerkt gewisen, mee och eng ganz staark Ekipp hanner sech. Besonnesch den Isaac Del Toro, deen nach ëm eng Podiumsplaz kämpft, wier e wichtege Facteur.

"Mat där staarker Ekipp kann een och sécherlech vun enger Virentscheedung schwätzen."

Spannende Kampf ëm déi aner Podiumsplazen

Hanner dem Leader bleift de Kampf ëm déi zweet an drëtt Plaz spannend. Coureure wéi de Jonas Vingegaard, Isaac Del Toro, de jonke Fransous Paul Seixas an de Remco Evenepoel hunn nach Chancen.

Fir de Michel Ries kéint dëse Kampf an de kommende schwéieren Etappen ee vun den interessantsten Aspekter vum Tour ginn.

Hëtzt suergt fir ëmmer méi Kritik

Nieft der Dominanz vum Pogacar spillt och d’Extreem-Hëtzt eng grouss Roll. Eng Etapp gouf wéinst Temperaturen iwwer 40 Grad gekierzt. Am Peloton ginn et ëmmer méi kritesch Stëmmen, déi froen, wéi de Sport mat esou Konditioune soll ëmgoen.

De Michel Ries mengt, datt dëst Theema an Zukunft nach méi wichteg wäert ginn.

"Dat wäert eng Diskussioun sinn, déi eis déi nächst Zäit am Tour de France an och iwwer déi nächst Jore wäert suivéieren."

D’Coureuren an d’Ekippe géife scho vill Mesuren huelen, fir sech ofzekillen: vill Waasser, Äis an eng speziell Virbereedung op héich Temperaturen. Mee iwwer dräi Woche bleift d’Hëtzt eng grouss Belaaschtung fir de Kierper.

Alex Kirsch weider aktiv am Tour

Och de Lëtzebuerger Alex Kirsch huet de Michel Ries positiv ageschat. Hien hätt sech an de leschten Etappe ganz aktiv gewisen an eng gutt Form bewisen.

Seng wichtegst Roll an der nächster Woch wier et virun allem, säin Team bei den Etappe fir Sprinter ze ënnerstëtzen.

play_arrow Lauschteren