arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Top-Talent Brian Madjo leent FLF-Nominéierung of - Anthony Moris bleift am Kader

1. Kader vum Jeff Strasser

|
headphones

1 min

Top-Talent Brian Madjo leent FLF-Nominéierung of - Anthony Moris bleift am Kader

Schock bei der éischter Kadernominéierung vum neie Fussballnationaltrainer Jeff Strasser: Dat Lëtzebuerger Top-Talent Brian Madjo huet eng Nominatioun ofgeleent. De réischt 16 Joer ale Stiermer huet viru Kuerzem e Profikontrakt beim FC Metz ënnerschriwwen.

headphones

1 min

©  picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

De Brian Madjo wäert der FLF fir déi nächst Lännermatcher net zur Verfügung stoen. De 16 Joer jonke Stiermer, dee mam FC Metz déi zwee éischt Matcher vun der Ligue 1 gespillt huet, hätt d’Selektioun refuséiert, esou d’FLF um Donneschdegmoien am Kader vun enger Pressekonferenz am Virfeld vun de Lännermatcher géint Nordirland an d’Slowakei.

De jonke Stiermer wier theoretesch och fir de Kamerun a fir England eligibel.

Moris bleift Deel vum Kader

Den Anthony Moris wäert dem neien Nationaltrainer Jeff Strasser dogéint weider zur Verfügung stoen. De Golkipper vun de Roude Léiwen hat viru kuerzem matgedeelt, datt hie géif iwwerleeën, seng Karriär bei de Roude Léiwen net weiderzeféieren, mee wäert no Gespréicher mam Jeff Strasser och weider Deel vum Grupp sinn.

D'FLF spillt a genau enger Woch den éischte Match vun der WM-Qualifikatioun heiheem géint Nordirland.