arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tom Weidig kritt Verwarnung no Like vun Haass-Kommentar

Opruff zum Haass

|
reading time

1 min

Tom Weidig kritt Verwarnung no Like vun Haass-Kommentar

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet eng schrëftlech Verwarnung kritt wéinst sengem ëmstriddene Like ënner engem Facebook-Post, d‘lescht Joer am Februar. An deem Facebook-Kommentar war dozou opgeruff ginn, LGBTQIA+-Persounen ze vernichten.

reading time

1 min

© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

Den ADR-Deputéierten hat scho wéinst deem Like eng schrëftlech Verwarnung vu senger Partei kritt.

Den Auteur vun deem Kommentar huet 1.500 Euro Geldstrof kritt wéinst Opruff zum Haass an e muss der Associatioun Rosa Lëtzebuerg, déi dowéinst eng Plainte gemaach hat, e symbolesche Schuedenersatz vu 25 Euro bezuelen.

Och all déi aner Leit, déi deen Haass-Kommentar geliked haten, hunn e schrëftlechen Avertissement kritt, esou de Parquet.