Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
search

/ Thon an de Béchsen a ganz Europa mat Quecksëlwer belaascht

Etüd

Thon an de Béchsen a ganz Europa mat Quecksëlwer belaascht

A ganz Europa ass den Thon an de Béchsen mat Quecksëlwer belaascht. Zwou ONGen, Bloom a Foodwatch, hunn an enger neier Etüd erausfonnt, datt praktesch 100 Prozent vum Thon an de Béchsen mat Quecksëlwer contaminéiert ass.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / MartinFredy

Dat iwwerall an Europa, suwuel a Frankräich, Däitschland, wéi och a Spuenien, Italien a Groussbritannien. Si schwätze vun engem Skandal vun der ëffentlecher Gesondheet a fuerderen, dass déi fixéiert Limitten vum Quecksëlwer am Thon eropgesat ginn… Déi sinn nämlech beim Thon méi niddreg, an deemno manner streng, wéi bei anere Fësch.