arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Texas: Bilan klëmmt op iwwer 200 Doudeger - Wäisst Haus weist Kritik zeréck

USA

|
reading time

1 min

Texas: Bilan klëmmt op iwwer 200 Doudeger - Wäisst Haus weist Kritik zeréck

De Bilan vun den Iwwerschwemmungen am Texas ass op iwwer 100 Doudeger geklommen. D'Rettungsekippe siche weider no Vermëssten. Ënner den Doudesaffer si 27 Meedercher a Responsabeler vun engem chrëschtleche Summer-Camp. 10 Meedercher ginn nach ëmmer vermësst.

reading time

1 min

Iwwerdeems huet d'Wäisst Haus Kriticken zeréckgewisen, datt net adequat gewarnt a reagéiert gi wier wéinst Budgetskierzunge beim nationale Wiederservice. Dem President seng Spriecherin sot, de Wiederservice hätt konsequent Warnungen erausginn, an am Wieder-Büro am Texas hätt et net u Ressourcen oder Mataarbechter:inne gefeelt.

De President Donald Trump soll e Freideg op d'Plaz reesen