arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Testphas fir Covoiturage-Radaren op der A3 geet haut un

Mobilitéit

|
headphones

1 min

Testphas fir Covoiturage-Radaren op der A3 geet haut un

Op der Co-Voiturage-Spuer op der A3 dierfen nëmmen Autoe fueren, an deenen op d’mannst zwou Persoune sinn, oder Busser. D'Kameraen, déi dat kontrolléieren, gi vun haut um Méindeg u getest. Dat deelen d'Ponts et Chaussées mat.

headphones

1 min

No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op | © Serge Kesseler
No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op (Foto: Serge Kesseler)

Op der A3 gouf am Mäerz en éischten Tronçon op dräi Spueren erweidert, an op engem Deel dovu gouf de Co-Voiturage ageféiert. Tëschent der Aire de  Berchem an dem Gaasperecher Kräiz.

Op der Co-Voiturage-Spuer dierfen nëmmen Autoe fueren, an deenen op d’mannst zwou Persoune sinn, a Busser. D‘Radaren erkennen do d‘Silhouetten an den Autoen, an also, wéi vill Leit dra sinn.

Wann et just eng Persoun ass, blëtzen d‘Radaren. Den Ament, wéi gesot, just am Test. Wéini déi repressiv Phas ufänkt géif nach mat gedeelt ginn, esou d‘Ponts et Chaussées.