Dee Moment hunn nomëttes vu 7 programméierte Gruppen der nëmmen 3 kënnen optrieden. Tëschent zwanzeg op 3 an zwanzeg fir 6. Et huet do virdrun an duerno jo gereent wéi aus Eemeren a gestiermt huet et nach derbäi.
Den Atelier-Direkter Laurent Loschetter hat am 100,7-Interview e Freideg nach gesot, datt am schlëmmste Fall alles misst reportéiert ginn. Dozou koum et net. Vun 8 Auer owes un ass, trotz Gefisems, nees alles normal weidergelaf.
Technesch Schwieregkeeten
Den Ufank vun der Show um Glacis war op d’mannst um Glacis éischter holpereg. Déi éischt 10 Minutte gouf et nämlech bei der Live-Iwwerdroung keen Toun, ausser der musikalescher Ënnermolung vum Francesco Tristano. An och duerno war den Toun éischter schlecht, et huet een net vill dovu verstanen, wat op der Bréck geschitt a gesot gouf. Géint der Enn goufen et och ëmmer nees Episoden, an deene Biller ageblennt goufen, wéi vun enger Handykamera, matten ënner de Leit.
Dat huet e wéineg komesch gewierkt, virun allem déi éischte Kéier, do goufen nämlech Féiss gefilmt an et huet ee Gejäiz ronderëm héieren. Den éischte Moment war do net esou ganz kloer, ob et geplangt war, oder op Panik ausgebrach wier. Am Endeffekt waren et awer d'Insasse vum zweetleschten Tram, d'Jugend, déi hir Virféierung gemaach hunn.
Bei der Generalprouf d'lescht Woch konnt een nach zweifelen, ob de Samschdeg alles esou géif lafe wéi geplangt, well et do awer nach ganz vill Onkloerheete gouf. Deemno konnt ee de Samschdeg positiv iwwerrascht sinn, well et awer op de Biller relativ ronn ausgesinn huet. An et war authentesch, absolut net perfekt, et waren normal Mënschen, déi do hirem Grand-Duc begéint sinn.
No bei de Leit
De Grand-Duc Guillaume war schonn extreem no bei de Leit. Dat huet een eebe besonnesch bei deem Tram mat der Jugend dra gemierkt. Ech hunn de Moment markant fonnt, wou de Groussherzog eng Kap vun hinnen iwwerreecht krut an déi kuerzerhand opgesat huet. De Grand-Duc seet, hie wéilt Bréckebauer sinn tëschent de Generatiounen. Dat gëllt sécherlech awer och fir de Lien tëschent dem Haff an der Gesellschaft, déi jo an de leschte Joren ëmmer manner hanner der Monarchie stoung. Et ass jo och absolut am Interêt vum Haff fir d'Bierger:innen nees op seng Säit ze zéien.
Datt et do eng Klufft gëtt, dovun huet een um Glacis allerdéngs näischt gemierkt. Wéi de Grand-Duc bis ukoum a seng Ried gehalen huet, gouf ëmmer nees haart applaudéiert a gejubelt.
Budget weider net bekannt
De grousse Pluspunkt, deen den neie Grand-Duc mat deem ganze Spektakel gesammelt huet, ass de Fait, datt lokal Artisten engagéiert goufen. Iwwerall am Land ware Bierger:innen aus dem Land an d'Festivitéite mat agebonnen, mam Héichpunkt vun deem grousse Concert um Glacis, bei deem esou zimmlech all Museksrichtungen, déi mir hei am Land hunn, vertruede waren, an engem eenzege grousse Medley. Den Term Gesamtkonschtwierk, deen d'Lëtzebuerger Wort duerno benotzt huet, fannen ech wierklech zoutreffend. Mir hu richteg gutt Artisten hei am Land a si hunn et verdéngt esou eng grouss Bün gebueden ze kréien. Mee et muss een eben awer d'Fro stellen, ob een dat Evenement esou kritiklos ka feieren.
Jo, et war e Fest vun der Lëtzebuerger Kultur an Diversitéit an all hire Facetten, mee, et war eeben och e Fest vum altertümlechen an ëmmer méi ëmstriddene Konzept vun der Monarchie. A wat dat Ganzt kascht huet, dat wësse mir nach ëmmer net, do gouf den Deckel bis elo ganz fest drop gehalen. Bei allem wat déi lescht Deeg gebuede gouf, geet et mat enger Millioun awer ganz sécher net duer.