arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tëschent Traditioun a Symbolik: Wéi soll ee mam "Hexbrennen" zu Sëll ëmgoen?

National

|
headphones

3 min

Tëschent Traditioun a Symbolik: Wéi soll ee mam "Hexbrennen" zu Sëll ëmgoen?

De Buergermeeschter Gérard Zoller vu Sëll hält et wéinst de rezente Kriticke fir méiglech, datt d’Traditioun vum “Hexbrennen” a senger Gemeng d’nächst Joer ëmbenannt gëtt. Ronn 40 Joer gëtt nieft dem Buergbrennen zu Sëll och eng Hex verbrannt. Den CID Fraen a Gender fuerdert en allgemengt Ëmdenke.

headphones

3 min

En Dënschdeg an der drëtter Februarwoch war et nees souwäit. An där, vun der Awunnerzuel hier klengster Gemeng vum Land, ass symbolesch eng Hexen-Popp, e bësse wéi de Stréimännche vu Réimech, verbrannt ginn. Dës Traditioun gëtt et zu Sëll elo schonn zënter knapp engem hallwe Joerhonnert.

Vu verschiddene Säiten ass déi Traditioun awer op Grond vun der negativer Konnotatioun vun der Hexeverbrennung am Mëttelalter, hannerfrot ginn. De Buergermeeschter vu Sëll, de Gérard Zoller seet hie wier sech der Sach bewosst.

D'Symbolik déi vermëttelt gëtt spillt eng Roll

Den CID Fraen a Gender  fuerdert en Ëmdenke. Wann ee sech virun Aen hält, wéi vill Fraen als Hex verbrannt goufen, schéngt et eis deplacéiert an “de mauvais goût”, vun Hexbrennen ze schwätzen, esou d’Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender. D'Necessitéit dës Traditioun ze iwwerdenke géif engem besonnesch bewosst ginn, wann ee bedenkt wou se hierkéim. Well d'Hexbrennen zu Sëll géif wuel zréck op eng Wiertsfra goen, déi d’Männer aus dem Duerf als Hex bezeechent hunn. 

 “Et ass zimmlech konform domat, wat deemools geschitt ass, wa Fraen als Hex verbrannt goufen. Si hunn net gepasst, also goufen se op de Koup gehäit.”

Grad an Zäiten, wou weltwäit Fraen ëmbruecht géifen well de eeben Fra sinn, fënnt d’Claire Schadeck

"Dowéinst mengen ech, datt an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou mer eis vill engagéieren, dat net muss sinn.”

Ouni d'Traditiounen iwwer de Koup ze geheien, sollt ee sech awer vläicht op d’Buergbrenne limitéieren, amplaz eng Hex oder e Männchen ze verbrennen, esou d’Vertriederin vu CID Fraen an Gender.

Den zoustännege Ministère de l'Égalité des genres et de la diversité huet schrëftlech matgedeelt, et stéing een de Gemengen zur Verfügung, sollt et e Besoin fir en Echange ginn. De Gérard Zoller, Buergermeeschter vu Sëll, seet hie wär iwwert den Numm vum Hexbrennen och net glécklech.

“Sécher hutt Der Recht, dass deen Numm eng negativ Connotatioun huet. Et ass och scho méi wéi eemol driwwer diskutéiert ginn, fir deen Numm eben z’ersetzen.”

Bléck op d'nächst Joer 

Dem Gemengepapp no kéint een deen Debat méi breet opmaachen an zum Beispill och iwwer d’Buergbrennen diskutéieren. Op ville Plaze géif nämlech deen Dag e Kräiz verbrannt ginn. 

 “Wat mengt Der, wat d'Chrëschten dovun halen? Kann een dat net och a Fro stellen, dass een e Kräiz verbrennt?”

Soudatt de Gérard Zoller eng Table-Ronde zum Sujet an d’Diskussioun bréngt. Den Opruff ass heimat lancéiert.