arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tëschent Recht a Fräiheet oder vun der Ofdreiwung

Fräie Mikro

|
headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Tëschent Recht a Fräiheet oder vun der Ofdreiwung

No ville kontroversen Diskussioune soll d’Fräiheet op Ofdreiwung elo an d’Verfassung. Wéi vill Fräiheet a wéi vill Gewësse verkraaft eng Demokratie? Dat freet sech de Philosoph Jean-Luc Thill a sengem Fräie Mikro.

headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Jean-Luc Thill | © Chris Zeien
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

Här Hollerich, ech muss Iech widderspriechen. Et ginn Theemen, wou d’Wierder schwéier ginn, well se ze déif ginn, well se an d’Häerz stiechen.

E Recht iwwer dat eegent Liewen ze decidéieren

Eent vun hinnen ass d’Ofdreiwung. Oder méi genee d’Fräiheet, iwwert dat eegent Liewen ze decidéieren. Zu Lëtzebuerg soll dës Fräiheet elo an d’Verfassung. Net, well et kee Gesetz géif ginn, mee well dat, wat haut selbstverständlech schéngt, muer kéint verschwannen.

D’USA hunn et gewisen. Wéi de Supreme Court 2022 d’Urteel Roe v. Wade opgehuewen huet, hunn d’Fraen iwwer Nuecht e Stéck Selbstbestëmmung verluer. E Recht, dat fënnef Joerzéngte gehalen hat, war op eemol just nach eng Geografiesaach. Et war e Weckruf fir Europa, ewéi och fir Lëtzebuerg.

An hei bei eis streide Politiker:innen net nëmmen iwwer d’Saach, mee iwwer d’Wierder: Recht oder Fräiheet zur Ofdreiwung?

Juriste wéi de Luc Heuschling soen: Wann et e „Recht“ ass, kéint en Dokter gezwonge ginn, géint säi Gewëssen ze handelen. Eng „Fräiheet“ dogéint schützt béid: D’Fra, déi decidéiert, an den Dokter, dee begleet. Esou wéi Frankräich et gemaach huet, wéi et 2024 d’liberté d’avorter an d’Verfassung geschriwwen huet.

A grad do fänkt d’Hermeneutik un. Vill mengen, et wier e juristesche Sträit ëm Begrëffer. Awer et ass vill méi. Et ass en hermeneutesche Schachzuch. E Moment, wou eng Gesellschaft decidéiert, wéi si sech selwer liest. Schreiwe mir e Gesetz, dat ordonéiert? Oder e Saz, dee vertraut? Recht kléngt no Ufro, no Struktur, no Grond. Fräiheet kléngt no Gewëssen, no Mënsch a gesondem Mënscheverstand. An d’Wuert, dat mir wielen, erzielt, wéi mir d’Liewe verstinn.

Muecht oder Vertrauen?

Virun e puer Deeg huet den Deputéierte Gérard Schockmel geschriwwen, de Feminismus hätt d’Debatt iwwer d’Ofdreiwung „beherrscht“. Ech mengen, hie verwiesselt hei Muecht mat Sprooch. Wa Fraen endlech iwwer hiert eegent Liewe schwätzen, ass dat keng Ideologie – et ass d’Ausleeung vun Erfarung. Dat ass Hermeneutik, net Muecht respektiv Herrschaft. Mir liesen d’Liewen net all aus deem selwechte Kapitel, mee jidderee mat sengem eegene Bléck. An déi Fräiheet, sech selwer ze liesen, ass villäicht déi mënschlechst vun allen.

Dofir kann ech och dem Bistum net Recht ginn. Dir nennt et en „trauregen Dag“, wann dës Fräiheet an d’Verfassung kënnt. Ech nennen et en Dag vum Vertrauen. Net vum moralesche Verfall, mee vum Erwuesse ginn. Well een, deen d’Fräiheet schützt, schützt net sech selwer, mee d’Mënschlechkeet vun allen.

Dominéiert vun deene, déi ni schwanger kënne ginn

Dir schwätzt vun „Zwangsmeenungen“ an „totalitären Tendenzen“. Awer villäicht ass dat d’Angscht virun enger Fräiheet, déi Dir ni hutt misste liewen. Déi haartste Stëmmen an dëser Debatt komme vun deene, déi ni schwanger kënne ginn. Vu Männer, déi aus Iwwerzeegung ouni Kanner liewen – an awer aneren erkläre wëllen, wat Mutterschaft heescht. Dat ass keng Schold, mee e blanne Fleck. Et kann ee Matleed priedegen, an awer d’Erfarung verfeelen.

An ech froe mech heiansdo: Wat, wann d’Maria an enger anerer Zäit gelieft hätt? An engem Land mat Berodung, mat Choix, mat Fräiheeten. Hätt si “Jo” gesot – oder hätt si sech anescht entscheet?

An wat wier da ginn aus zwee Dausend Joer Reliounsgeschicht? Villäicht weist dat nëmmen, wéi dënn de Fuedem ass, un deem Schicksaler hänken. A wéi wéineg mir verstinn, wa mir iwwer dat Entscheedend fir aner schwätzen.

Ofdreiwung gëtt et zënter jee hier

Am alen Ägypten, zu Roum, an de Stéit an de Kléischter. Am Geheimen, am Schiet, aus Angscht oder aus Nout. Dat ass keng Modernitéit, dat ass Mënschheet. Wat sech geännert huet, ass net d’Ofdreiwung selwer, mee d’Fäegkeet, driwwer ze schwätzen, ouni ze verstoppen.

D’Kierch gesäit doran e Paradigmewiessel. Ech gesinn dora Maturitéit. Well Erwuesse ginn heescht, d’Ambivalenz auszeschwätzen, an net ze verurteelen.

Villäicht ass dat déi eigentlech Fro: Wéi vill Selbstbestëmmung hale mir als Gesellschaft aus? Wéi vill Verantwortung traue mir een dem aneren zou?

D’Verfassung ass kee moralesche Katalog, mee e Spigel vun eisem Verständnes vum Mënsch. Si seet net, wat richteg ass, mee wie mir sinn, wat mir wielen.

Wa Lëtzebuerg also d’Fräiheet zur Ofdreiwung an d’Verfassung schreift, dann ass dat kee Kommando, mee e Schutz. E rouegt Verspriechen, datt d’Entscheedung, e Liewen ze ginn oder net, ëmmer eng perséinlech bleift.

An dat ass, am hermeneutesche Sënn, villäicht déi schéinste Liesaart vun eis selwer: Eng Gesellschaft, déi net méi urteelt, mee vertraut. Eng Verfassung, déi net méi schützt, mee verstoe léiert. An e Glawe, deen net méi verbitt mee sech traut empathesch ze sinn, also matzefillen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren