D'Terezia Mora, Joergang 1971, ass an Ungarn zweesproocheg - däitsch an ungaresch - opgewuess. Zanter 1990 lieft si an Däitschland a fir hiren éischte Roman "Alle Tage" huet si sëlleg Präisser kritt, ënner anerem de Leipziger Buchpreis.
All all hire Wierker befaasst si sech mat Personnagen, déi an dëser eiser Welt net hir richteg Plaz fannen, net dozou gehéieren. Esou och an dësem Wierk, wou mer d'Protagonistin Muna duerch 20 Joer vun hirem Liewe begleeden. E Liewen tëschent Berlin, London a Wien, matzen am kulturelle Geschéien an dann awer an enger Relatioun, wou si kierperlech a psychesch mëssbraucht gëtt.
D'Muna begéint hei vill Mënschen aus ganz ënnerschiddleche soziale, sproochlechen a kulturelle Milieuen, hiert Elengsinn a sech Elleng fillen, ass dat wat se verbënnt.