D'Virfäll sinn op dräi verschiddene Plazen am Norden a Süde vun der Insel geschitt. Virun allem am Hierscht a Wanter ginn d'kanaresch Inselen am Atlantik ëmmer nees vu sou grousse Welle getraff. Aktuell gëllt eng Wiederwarnung fir d'Küstegebidder. D'Leit solle Weeër laanscht d'Ufer a Plage vermeiden.
arrow_back_ios
Noriichten
Spuenien
|Teneriffa: 3 Persoune vu Welle matgerappt a gestuerwen
Op der spuenescher Vakanzeninsel Teneriffa goufe Mënsche vu risege Wellen an d'Waasser gerappt. Dräi Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm.
(Foto: EPA/ALBERTO VALDES)