arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Temperaturrekord a Japan a Reenrekord zu Hongkong

Klima a Wieder

|
reading time

1 min

Temperaturrekord a Japan a Reenrekord zu Hongkong

A Japan gouf haut an der Stad Isesaki am Oste vum Land déi eng historesch Temperatur vun 41,6 Grad gemooss, esou déi national japanesch Wiederagence. Dat ass déi héchst gemoossen Temperatur jeemools a Japan. D‘Wiederagence huet gewarnt, datt d‘Temperaturen nach kéinte klammen.

reading time

1 min

Japan huet dëse Summer och schonn déi wäermst Méint Juni a Juli jeemools gemellt.

Och Hongkong mellt haut e neie Rekord – an zwar beim Reen. Haut um Dënschdeg sinn nämlech zu Hongkong, bis zwou Auer Mëttes Lokalzäit, 355,5 Milimeter Reen erofgefall. Dat ass déi héchst Quantitéit jeemools fir en Dag am August, esou de Wieder Büro zu Hongkong. An der Stad gëllt déi héckst Alerte wéinst Reen.