Hunn sech d‘Deutsche Börse an déi amerikanesch Technologiebourse Nasdaq am Geschäft mat Finanzinstrumenter méi enk op eneen ofgestëmmt, wéi an der EU erlaabt ass? Dat wëllt d'EU-Kommissioun iwwerpréiften.
Zu Bréissel gouf eng Prozedur wéinst Verdacht op Verstouss géint d‘Konkurrenzreegelen opgemaach.
D‘EU-Kommissioun fäert, dass déi zwee Schwéiergewiichter vun der Finanzwelt sech d‘Demande opgedeelt, d‘Präisser koordinéiert a Geschäftsinformatiounen ausgetosch hunn.