arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Techneschen Tëschefall op Luxair-Fluch

National Airline deelt mat

|
headphones

1 min

Techneschen Tëschefall op Luxair-Fluch

Beim Luxair-Fluch gëschter um Dënschdeg op Ibiza gouf et en techneschen Tëschefall wärend dem Vol. De Fliger, een De Havilland Q400, ass zeréck op Lëtzebuerg geflunn a wier do an aller Sécherheet an ouni weider Problemer gelant, dat huet d'Luxair gëschter Owend an engem Communiqué matgedeelt. 

headphones

1 min

Luxair Q400 | © picture alliance / NurPhoto | Joan Valls
Luxair Q400 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Joan Valls)

D'Passagéier wiere vum Kommandant a vum Equipage informéiert ginn, an d'Sécherheet wier zu all Moment assuréiert gewiescht. D'Luxair hätt sech ëm d'Clienten um Flughafe bekëmmert. En Ersatzfluch gouf fir de Moien organiséiert. 

D'Luxair gëtt keng weider Detailer iwwer deen technesche Pro'‘Luxair an hirem Schreiwes.