De Vote zu VISUPOL ass, d’selwecht wéi all déi aner, déi de Moien net konnte gestëmmt ginn, fir no der Debatt de Mëtteg iwwert d’aussepolitesch Deklaratioun vum Xavier Bettel programméiert.
Am VISUPOL-Gesetzprojet geet et ënnert anerem ëm eng Lëscht vu Plazen, op deenen et ee besonnesche Risiko fir Strofdote gëtt, an ëm d’Validitéitsdauer vun der Autorisatioun fir d’Videoiwwerwaachung.
Dëse Projet dierft am Nomëtteg mat de Stëmme vun der CSV/DP-Majoritéit, vun der ADR a vun der Piratepartei ugeholl ginn.