arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Technesche Problem beim Operateur vum Tango-Reseau war keng Cyberattack

Pann bei Tango

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Technesche Problem beim Operateur vum Tango-Reseau war keng Cyberattack

Den Operateur Proximus Lëtzebuerg huet confirméiert, datt en technesche Problem mat der Hardware zur Pann am Reseau gefouert hat. Eng Hackerattack kéint komplett ausgeschloss ginn, esou den Gilles Mulheim, techneschen Direkter vu Proximus Lëtzebuerg op eis Nofro hinn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/STEPHANIE LECOCQ
(Foto: EPA/STEPHANIE LECOCQ)

Proximus Lëtzebuerg ass de Mammekonzern vun Tango. D'Pann beim Operateur Proximus hat deemno Repercussiounen op de Reseau vun Tango. Schätzungsweis ware ronn 100 000 Leit, also d'Hallschent vun de Clientë vun Tango, betraff. Déi Betraffe konnten deelweis d'Rettungsdéngschter 112 an 113 net ereechen. 20 Persounen hätten an deem Zaitraum probéiert, den 112 ze kontaktéieren, esou de Gilles Mulheim, techneschen Direkter vu Proximus Lëtzebuerg. Dorënner wieren awer och Test-Uriff gewiescht: 

"An et waren der 6, déi den 113 net konnten erreechen."

Pann wärend ronn 4 Stonnen 

Vun 5:20 bis ongeféier hallwer 9:30 war en Deel vun de mobile Servicer vun Tango net disponibel. Eng Hackerattack kéint komplett ausgeschloss ginn, esou den techneschen Direkter Gilles Mulheim. Et wier en Hardware-Feeler gewiescht. E Baudeel am sougenannte Switch wier futti gaangen. Keng eng Luucht wier méi u gewiescht. 

"Et ass net, dass iergendwéi vu baussen eng Configuratioun geännert ginn ass, datt e Reboot huet oder esou. En ass einfach komplett ausgefall.”

Cyber-Attack wier komplett auzeschléissen 

Et wier onméiglech fir extern Leit un deen defekten Deel vum Reseau ze kommen, betount den techneschen Direkter. D'Baudeel, dat d'Pann ausgeléist huet, soll elo vum Hiersteller op méiglech Konstruktiounsfeeler analyséiert ginn.

Viru knapps 2 Wochen, den 23. Juli, war et zu enger Cyber-Attack op den Telekommunikatiounsreseau vun der Post komm.

play_arrow Lauschteren