De retard bei ronn 100 vun hinne kéim doduerch, datt si nach Dokumenter missten erareechen. Generell hätt sech d‘Situatioun vun de Verspéidungen zanter der Ëmstellung awer stabiliséiert, esou de Minister Marc Spautz.
Wéinst engem technesche Problem mat de Steierkaarten hätten dann eng 125 Persounen zwar hir Indemnitéite fir dëst Joer komplett bezuelt kritt, awer nach net fir d‘lescht Joer. Dat géif awer demnächst geregelt ginn, heescht et.