Den Te Deum gouf vum Kardinol Jean-Claude Hollerich gehalen, hien huet wärend der Mass de Choix vum Grand-Duc Guillaume fir eng Tournée duerch d’Land ze maache begréisst, an huet een Zesummenhang mat der Heemecht dra gesinn.
Och de Message deen de Grand-Duc Guillaume a senger Trounried un déi Jonk geriicht huet, gouf vum Kardinol Jean-Claude Hollerich ervirgehuewen.
D’Maîtrise vun der Kathedral huet wärend dem Te Deum gesongen a gouf nieft deenen zwou Uergelen, zousätzlech vun engem Blechbléiserensembel vun der Militärmusek begleet.