arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taser goufe virun engem Mount agefouert: Wéi funktionéiere se?

Police

|
headphones

2 min

Taser goufe virun engem Mount agefouert: Wéi funktionéiere se?

Virun engem Mount gouf den Taser bei der Police agefouert. Bis elo misst en nach net agesat ginn. Dat erkläert de Jérôme Banchieri, Chef vum Groupe de support opérationnel vun der Police-Grand-Ducal, am 100,7-Interview.

headphones

2 min

© EPA/GIUSEPPE LAMI
(Foto: EPA/GIUSEPPE LAMI)

Zwou Persoune wiere mat engem Taser-Asaz gedreet ginn, ier sech d’Situatioun calméiert hätt, esou de Jérôme Banchieri. 

Bis elo si 24 Poliziste geschoult fir den Taser ze benotzen, seet de Chef vum Grupp GSO. An enger éischter Phas sollen insgesamt 36 Polizist:innen heirop forméiert ginn.

Ouni direkt Gewalt Leit maîtriséieren

Den Taser änelt vun der Form enger Schosswaff a kann aus enger Distanz vu bis zu 13 Meter eng Persoun immobiliséieren. Dat iwwer dënn Kabelen, déi wärend 5 Sekonnen Elektro-Impulser vum Gerät op de Kierper vum potentiellen Täter iwwerdroen, an esou seng Muskele verkrampfen. D’Persoun fält op de Buedem.

Fir datt den Taser dierf am Déngscht agesat ginn, musse verschidde Krittären erfëllt sinn, wéi de Jérôme Banchieri, Chef vum GSO, erkläert.

"Dat heescht, déi Persoun representéiert eng Gefor fir sech, eng Gefor fir eng drëtt Persoun, oder déi Persoun ass aggressiv vis-à-vis vun de Polizisten."

De But vum Taser wier, an enger Geforesituatioun d’Leit maîtriséiert ze kréien, ouni direkt Gewalt unzewennen, respektiv d’Leit ofzeschrecken, esou de Chef vum Grupp.

Aktioune mam Taser gi gespäichert

Esoubal de Polizist den Taser aus dem Holster op senger Broscht zitt, ginn d’Aktiounen - vereinfacht gesot - schrëftlech op der Batterie vum Gerät gespäichert, wéi de Jérôme Banchieri erkläert.

"Dat heescht, alles, wat mam Taser geschitt ass, gëtt op engem Programm opgelueden, wou dra steet, den Taser ass ëm esou vill Auer gezu ginn, en ass aus dem Holster gezu ginn, eng Persoun gouf uviséiert, en ass ofgeschoss ginn."

Et wier deemno onméiglech, een Abus ze maachen.

Testphas bis Juni 2027

Op d’Fro, ob et och Risike ginn, wann eng Persoun, déi zum Beispill Häerzproblemer huet, getasert gëtt, sot de Chef-adjoint vum GSO, de Mike Fiorese, datt den Taser keng weider Impakter op eng Persoun hätt.

Et wiere Persounen definéiert, bei deene soll vermidde ginn, den Taser anzesetzen.

"Wann et méiglech ass. Wa gewosst ass, datt d'Leit Virerkrankungen hunn, Häerzproblemer hunn. Wat schwiereg ass, deemno a wéi enger Situatioun, datt mir sinn, wësse mir dat net."

Den Taser ass de Moment an enger Testphase, déi bis Juni 2027 leeft. Op Basis vun dëser Analyse géif da gekuckt ginn, ob d’Gerät landeswäit bei der Police zum Asaz kënnt, oder net.