D‘Gewerkschaft Verdi an d‘Direktioun vu Lufthansa hätten de Moien e Kompromëss vum Conciliateur ugeholl. Dee muss awer nach vun den zoustännege Gremie gréng Luucht kréien. Deemno kéint den Tarifkonflikt bei de ronn 25.000 Salariéen, déi am Sécherheetsberäich schaffen, geléist sinn.