Am éischten Akt “The Pilgrim” léiere mir ee Pilger kenne, dee sech op d’Rees duerch eng skurril Fantasiewelt mécht an hei allerlee Kreature begéint. Den zweeten Act, “Their God”, ass ee Krack méi dramatesch: de Pilger wot sech a sengem Boot eraus op d’Mier, wärend een Donnerwieder sech zesummebraut. Dës zwee Deeler si schonn d'lescht Joer als EP erauskomm, elo um Album kënnt nach den drëtten Deel “The King Of My Decrepit Mountain” dobäi, deen déi ganz Geschicht dann op een Enn bréngt.
Eng Band mat DIY-Spirit
Dat kléngt alles e wéineg skurril a kryptesch an et iwwerrascht wuel net, datt Tapir! bei Liveoptrëtter gäre mol rout Papier-mâché-Käpp opsetzen, déi an hirer Form dann och e wéineg un d’Déier erënneren, dat der Band hiren Numm gëtt. Et passt awer och bei den DIY-Spirit, deen d’Band ëmgëtt.
2019, kuerz virun der Pandemie, hunn de Frontmann Ike Gray a säi Matmusiker Will McCrossan e puer improviséiert Concerten an engem Londoner Pub gespillt an doraus ass lues awer sécher eng haut 6-käppeg Band entstanen, déi op hirem Debut zwar eng enorm Klangpalett auspéckt, an awer och ëmmer e bëssen onpoléiert kléngt. Zum Beispill de Song “Gymnopédie”, eng Zort Eric Satie Cover, ugereechert mat engem jazzege Walzer, an deem et ëm een dysfunktionalen Himmel geet, voller Méis an engem Jesus mat Léis. D’Band selwer bezeechent den Track als eng “Lo-Fi Symphony”.
Fantasie trëfft op Realitéit
Obwuel den Album an enger Fantasiewelt spillt, ginn et iwwerall Referenzen an Uspillungen op eis Realitéit: Hugo Boss Aueren, bëllegen Aftershave, Bibelgeschichten an d’Kennedy-Attentat sinn all um Album vertrueden. De Frontmann Ike Gray, deem säi Falsetto plazeweis un de Radiohead-Sänger Thom Yorke erënnert, verbënnt eben déi imaginär Landschaften an Erzielunge mat ganz mënschlechen Emotiounen an thematiséiert esou op eng ganz humorvoll Manéier d’Fragilitéit vun der mënschlecher Existenz. Dat Ganzt ënnerluecht vun engem interessante Folk, dee vu Gittaren, Blosinstrumenter an Drummachines gedroe gëtt.