arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taina Bofferding: Regierung huet mam Lëtzebuerger Sozialmodell gebrach

Sozialronn

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Taina Bofferding: Regierung huet mam Lëtzebuerger Sozialmodell gebrach

Knapp 24 Stonnen nodeems d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat ouni Accord auserneegaange waren, hunn de Premier a 5 weidere Ministeren den Donneschdeg de Mëtteg déi zoustänneg Chamberkommissiounen iwwer d'Resultater an d'Conclusiounen no de sougenannte Sozialronnen informéiert.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

D'CSV-DP-Regierung wier net wierklech un engem Kompromëss mat de Sozialpartner interesséiert gewiescht, huet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding no der Sitzung kritiséiert.

Doduerch hätt d'Regierung mam Lëtzebuerger Sozialmodell gebrach an dat wier net gutt fir de soziale Fridden, huet d'Fraktiounspresidentin vun der LSAP, d'Taina Bofferding bedauert.

"De Premier seet, jo, d'Fronte wären esou verhäert gewiescht, d'Meenung tëschent Patronat a Gewerkschafte géif wäit auserneegoen. Jo, dat weess een an dofir verhandelt ee jo. An dat ass d'Responsabilitéit vun der Regierung, fir eeben ze kucken déi beieneen ze kréien."

Wann d'Regierung un engem Kompromëss interesséiert gewiescht wier, dann hätt si d'Verhandlungen net einfach ofgebrach, esou d'Meenung vun der Taina Bofferding.

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet "batter Conclusiounen" gezunn, nodeem et net gelongen ass, zu engem Accord bei de Sozialronnen ze kommen.

"An dat bedeit, datt elo aner Zäiten hei zu Lëtzebuerg ulauden, datt et net méi drëm geet de gréisstméigleche gemeinsamen Nenner ze fannen, Kompromësser ze fannen, mee datt elo géintenee geschafft gëtt."

Eng wéi erwaart aner Siicht gouf et den Donneschdeg bei der Majoritéit: Trotz ënnerschiddleche Meenunge bei de Sozialpartner hätt d'Regierung bei de Sozialronnen probéiert een Equiliber tëschent de béide Säiten ze fannen an datt Punkte vu béide Säiten zeréckbehale goufen, esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann.

Taina Bofferding: Regierung mécht sech et ze einfach

No der Sëtzung huet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding iwwerdeems ugemierkt, datt sech d'Regierung d'Saach wuel e bëssen einfach géif maachen.

"Si huet awer eng breet Consultatioun gemaach, fir dann elo ze soen, jo, eigentlech wëlle mer keng Reform, si ginn dann do un déi kleng Schrauwen dréien, fir dann elo just dräi Joer sech iwwer Waasser ze halen. Ech mengen och, datt dat elo keen Zoufall ass, déi dräi Joer. Et ass nämlech do, wou déi nächst Wale sinn. Dat heescht, si maachen sech et elo e bëssen einfach, fir einfach ze kucken, do iwwer de Bierg ze kommen, fir déi nächst Walen. An da gëtt dat op déi nächst Regierung ofgedréckt."

Keng nohalteg Reform

An där Hisiicht hätt si de Premier Luc Frieden och gefrot, wou dee Sinneswandel hierkéim. Schliisslech hätt deen am État de la nation jo eng méi laangfristeg Léisung ugepeilt, an zwar de Pensiounssystem op 15 Joer ze sécheren. Déi 3 Joer wieren also keng grondleeënd nohalteg Reform, esou nach d'Taina Bofferding.

No dräi sougenannte Sozialronnen waren d'Regierung an d'Sozialpartner jo e Mëttwoch ouni Accord auserneegaangen.

play_arrow Lauschteren