arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taina Bofferding bezweifelt d’Noutwenndegkeet vun der Schüler:innen-Dispens

Trounwiessel

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Taina Bofferding bezweifelt d’Noutwenndegkeet vun der Schüler:innen-Dispens

Schüler:innen aus de Grondschoulen an aus de Lycéeë kënnen um Freideg schoulfräi kréien. D’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding stellt sech dobäi d’Fro a wéi fern dat eppes bréngt, well déi meescht Eltere jo awer misste schaffe goen.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding | © Jo Diseviscourt
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Edukatiounsministère huet d’Schoulen informéiert, datt d’Eltere fir Schüler:innen, déi un de Festlechkeete fir den Trounwiessel wëllen deelhuelen, eng Dispens vun der Schoulpflicht kënne froen. Dat huet d’Cheffin vum Service relations presse vum Ministère, d’Myriam Bamberg, eis op Nofro hi confirméiert.

Elteren "net esou amused"

D’Schülerinnen, fir déi dës Dispens fir dëse Freideg gefrot gëtt, kréiche fir déi betreffend Coursen eng Absence justifiée opgeschriwwen. D’Demande wier schrëftlech, per Formulaire, un den Titulaire de classe respektiv de Régent de classe ze riichten.

D’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding huet op Nofro hi gesot, si hätt éischter e manner positive Feedback zu där Méiglechkeet kritt.

“Déi éischt Reaktiounen, déi ech vu Leit kritt hunn, Elteren, déi gesot hunn, et ass jo schéin, dass mäi Kand eng Dispens ka kréien, ech muss awer schaffe goen. (...) Déi hunn net Zäit mat hirem Kand elo an d'Stad ze kommen, dat heiten ze suivéieren oder soss op enger Form ze suivéieren. Ech weess net, ob een do elo esou vill den Elteren entgéint kënnt. Also ech hunn déi éischter Reaktioun, wou d'Elteren elo net esou amused driwwer sinn, déi soen, wéi soll ech dat do elo maachen.”

D’Regierung hat schonn am Februar matgedeelt, datt den Dag vum Trounwiessel, den 3. Oktober, kee Feierdag wäert sinn.

play_arrow Lauschteren