arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taina Bofferding: “Mir diskutéieren dat net an der Ëffentlechkeet”

No Artikel am Tageblatt

|
headphones

1 min

Taina Bofferding: “Mir diskutéieren dat net an der Ëffentlechkeet”

“Mir wäerten dat bei eiser politescher Rentrée am September intern beschwätzen”, esou reagéiert d’LSAP-Fraktiounspresidentin op d’Kritik aus dem Tageblatt. D’Politikerin hat do virgeworf kritt d’Ursaach dofir ze sinn, datt d’LSAP-Oppositiounsaarbecht blatzeg géif bleiwen.

headphones

1 min

D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding | © Jo Diseviscourt
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding (Foto: Jo Diseviscourt)

Et géif un enger klorer Linn feelen. Mam Ben Polidori an dem Nicolas Schmit ginn dann och schonn Nimm genannt, déi an Zukunft an der Partei méi eng wichteg Roll solle spillen.

Et wier normal, datt een als Fraktiounscheffin och emol an der Kritik géif stoen, esou d’Taina Bofferding. Si huet an hirer Reaktioun awer op eng ganz Rei vu Punkte verwisen an deenen d’LSAP politesch Impulser gesat hätt. Dozou gehéieren d’Logements- an d’Rentepolitik.     

Den Artikel aus dem Tageblatt fannt Dir hei