Déi aktuell Situatioun wier “net ideal”. Mee si kéint novollzéien, datt d’Gewerkschafte rose sinn, huet d’Taina Bofferding erkläert.
“An ech leeën der Regierung wierklech un d'Häerz, e Schratt op d'Gewerkschaften zouzemaachen. Et muss matenee geschwat ginn. De Sozialdialog muss weider liewen. (...) Ech verstinn och de Gewerkschaften hir Suergen, hir Ängschten, datt si och elo refuséieren an de CPTE ze goen, well se soen, se wëlle sech net nach eng Kéier op eng Scheindebatt aloossen. A si hunn d'Erfarung gemaach, datt se op Ronnen, op Diskussiounen invitéiert goufen, wou am Endeffekt awer näischt dobäi erauskomm ass. Dofir kann ech schonn hir Positioun novollzéien.”
Sozialdialog dierft net ausstierwen
Trotzdeem géif d’LSAP-Fraktiounscheffin sech wënschen, datt de Sozialdialog erëm lieft. Dat wier am Interêt vum Land a vun de “grousse Reformen”, déi een nach zesumme misst ugoen.
D’Gewerkschaften OGBL an LCGB hate um Donneschdeg matgedeelt, datt si net méi u Reunioune vum “Comité Permanent du Travail et de l’Emploi” Deel huelen. Dës Conclusioun koum nodeem et der Regierung net gelonge war, zesumme mat de Sozialpartner een Accord an de sougenannte “Sozialronnen” ze fannen.