Déi Ännerung wier néideg fir den Défien vun der Mobilitéit an der Regioun Süde par rapport zum Mobilitéitsplang 2024 gerecht ze ginn.
Déi finanziell Contributioun, déi iwwert 10 Joer leeft, gesäit fir datt d’Gemengen héchstens 150 Millioune bäisteieren, de Staat géif ee Budget vu 700 Millioune plangen.
Nom Accord vun de Schäfferéit muss elo nach d’Gemengeréit zoustëmmen. Da kéinten d’nächst Joer déi concernéiert Gesetzesprojeten an der Chamber gestëmmt ginn.