arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ TICE: FGFC schalte Conciliateur an

Bus-Syndikat

|
headphones

1 min

TICE: FGFC schalte Conciliateur an

D‘FGFC, d‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal geet op d‘Conciliatioun wéinst dem TICE. „Et geet elo duer!“, heescht et an engem Communiqué. 

headphones

1 min

Zënter Hierscht d‘lescht Joer scho géif d‘FGFC ëmmer rëm probéieren, e Gespréich mat der TICE-Direktioun ze kréien, mee déi géif deem ëmmer rëm aus dem Wee goen. Déi Responsabel vum Bus-Syndikat géifen den Dialog refuséieren. Dofir gesäit d‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal elo soss keng Méiglechkeet méi, wéi de Conciliateur anzeschalten.