Text: Jo Welfringer
Swing States: Dat si siwe verschidde Staaten, wéi zum Beispill Nevada, Michigan oder Pennsylvania, déi bis ewell ëmmer e groussen Impakt op d'Resultater vun der US-Wal haten. D'Wieler hunn do an der Vergaangenheet nämlech mol fir déi eng, mol fir déi aner Partei gestëmmt. An och dës Kéier kënne kleng Saachen e groussen Impakt hunn. Esou zum Beispill eng Ausso vu leschtem Sonndeg.
9 Millioune Wieler:innen an 19 Walmänner/-fraen
"Ech weess net, ob Dir dat wësst, mee matten am Mier schwëmmt grad eng Insel aus Knascht. Ech mengen, se heescht Puerto Rico.": Dës Remarque, getarnt als Witz, gouf vun engem Komiker um Walkampfoptrëtt vum Donald Trump leschte Sonndeg am Madison Square Garden zu New York gemaach. An et ass dës Ausso, déi den Trump vill Stëmmen am Bundesstaat Pennsylvania kaschte kéint, well do ëm déi 300.000 Puerto Ricaner wunnen.
Mee wat mécht grad dee Bundesstaat esou wichteg fir d'Wal? D'Carol Ebbert-Hübner, Dozentin fir amerikanesch Sprooch a Kultur op der Uni Tréier, erkläert, wéi eng Roll Pennsylvania am Walkampf spillt.
"Pennsylvania wird wahrscheinlich ein Schlüsselbundesstaat in dieser Wahl sein, genauso wie 2016, und mit 9 Millionen Wählern und 19 Wahlmännern auch der grösste Swing State. Pennsylvania liefert die meisten Wahlmännerstimmen."
2020 huet den Joe Biden mat enger Avance vu just 82.000 Stëmmen de Bundesstaat am Nordoste vum Land knapp fir sech entscheede kënnen. An 2016 war et och scho richteg enk: Deemools mat enger Victoire fir den Donald Trump.
E spezielle Walsystem
Pennsylvania gehéiert wéi 6 aner Staaten, beispillsweis Arizona a Wisconsin, zu de sougenannte Swing States, erkläert d'Carol Ebbert-Hübner.
"Swing States, die werden auch manchmal Battleground States genannt. Und das sind die Bundesstaaten, wo es vor dem Wahltag unklar ist, für welchen Kandidaten sie sich dann letzten Endes entscheiden werden. Und das sind halt die wichtegsten Bundesstaaten dann für den Wahlkampf."
Datt déi Staaten esou wichteg sinn huet mam spezielle Walsystem an den USA ze dinn. Et wielt een de President net direkt, mee d'Wieler ginn hir Stëmmen u Walmänner- oder Fraen an hirem Bundesstaat. Desto méi Awunner e Staat huet, desto méi Walmänner/-fraen huet en.
Et gëllt de Winner-Takes-It-All-Prinzip: Wielt e Staat zum Beispill majoritär republikanesch, ginn all d'Stëmme vum Bundesstaat un d'Republikaner. 270 Walmännerstëmme brauch ee fir President oder Presidentin ze ginn.
Iwwer 100 Milliounen Dollar fir de Walkampf an engem Swing State
An deene meeschte Staaten ass de Walausgang normalerweis kloer. Kalifornie wielt demokratesch a Florida republikanesch. An de Swing States allerdéngs net. Firwat net, erkläert d'Carole Ebbert-Hübner.
"Die Swing States sind sehr oft gekennzeichnet, dass sie Mischstaaten sind, dass sie teilweise zumindest ein paar grosse Städte haben, ein paar urbane Bereiche, die sehr stark von den Demokraten geprägt sind, aber dann auch eher ländliche Regionen, wo da eher die Republikaner gewählt werden."
Mol ginn Demokrate gewielt, a fir d'Awunner:inne verbessert sech näischt. Mol ginn d'Republikaner gewielt, an nach ëmmer bleift alles beim Alen. "Es ist diese ewige Suche nach der Lösung, wie kann es denn überhaupt besser werden?”, betount d'Dozentin fir amerikanesch Sprooch a Kultur.
Fir d'Swing States ze gewannen, investéieren d'Kandidate massiv a Reklammen. D'Kamala Harris 159 Milliounen Dollar, den Donald Trump 121 Milliounen Dollar. Dat eleng a Pennsylvania.
Swing States ginn och méi dacks vun de Kandidate fir Waloptrëtter besicht, wéi déi decidéiert Staaten. Fir an deene Staaten ze bestoen, ginn dann och mol politesch Usiichte revidéiert, wéi beispillsweis d’Kamala Harris, déi op eng Kéier dem Fracking positiv gesënnt ass. Fracking ass fir Pennsylvania ganz wichteg, well e vill Aarbechtsplaze schaaft.