Et war een Dag voller géigesäiteger Scholdzouweisungen tëscht den Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen. Haapthannergrond ass d’Sproochen-App Malt an déi finanziell Konsequenzen, déi dorauser dierften entstoen.
Mee et goung natierlech och ëm de Récktrëtt vum jonken Nord-Deputéierte Ben Polodori. U béidem wier de Sven Clement mat schold, seet de Marc Goergen. Dat ass net wouer, seet de Sven Clement e puer Stonne méi spéit virun der Press. De Marc Goergen hätt fir een toxescht Klima an der Partei gesuergt. De Sven Clement gëtt sech och selbstkritesch.
"Dat fält mir net einfach, well ech ganz laang nogekuckt hunn, wéi eng Persoun een nom anere Leit an der Partei kalgestallt huet."
Sven Clement huet well un d'Ophale geduecht
Laang nogekuckt, respektiv kaum een Iwwerbléck, hätt hien och, wann et ëm d’Finanze gaangen ass. Dës Woch dunn hätt hie sech am Detail domat befaasst an erausfonnt, datt de Marc Goergen Netto Suen aus der Partei erausgezunn hätt. Zum Beispill iwwer ongekläerte Bezuelunge mat der Kreditkaart vun der Partei,
"Dem Marc Goergen seng Visa op 19 Méint gekuckt: 51.440,15 Euro. Dovunner 29.997,19 Euro, déi ech net kloer als Fraktiounsausgabe kann zouuerdnen."
Hien hätt vill Momenter gehat, wou hien dru geduecht hätt “d’Bengele bei d’Tromm ze geheien”, sou de Sven Clement virun der Press. Mee konkretiséiere wéilt hien dat bis haut net.
Marc Goergen fënnt kloer Wierder
Genee dat hätt awer de Marc Goergen gär vun him, a berifft sech dobäi op Ënnerstëtzung vu bannent der Partei.
"D'Partei wäert sech, nodeems wat ech haut u Message kritt hunn, vum Sven Clement trennen. D'Fro ass: Geet hie selwer, selwerbestëmmt oder wäert e gaange ginn?"
Dem Marc Goergen no soll ee Konvent aberuff gi fir iwwer déi Froen ze diskutéieren, allerdéngs net méi virum Summer. De Sven Clement sot de Mëtteg, hie géif drop hoffen, datt d’Partei sech eng nei Féierungsstruktur gëtt, fir sou Situatioune wéi dës ze verhënneren.
An engem Communiqué stäerken 9 Parteimemberen dem Marc Georgen de Réck. Si kënnen d‘Mobbing-Virwërf net confirméieren a soen him Merci fir säi Courage, sech géint de Sven Clement duerchzesetzen.
En "denkwürdegen Dag" fir d'Piraten
Um Samschdegmoie reagéiert de Marc Georgen nach eng Kéier an engem Communiqué a schwätzt vun engem denkwürdegen Dag gëschter fir ganz vill Piraten. D’Pressekonferenz wier just eng Oflenkung vum Theema "Malt App", gewiescht, schreift hien.
D‘Piratepartei ass do an een Interessekonflikt involvéiert. An den nächsten Deeg a Woche wéilt ee weider dru schaffen, den Dossier "Malt" opzeklären. Trotz der Pressekonferenz - oder grad wéinst der Pressekonferenz vum Sven Clement - géing ee weider un de Statute schaffen, betount de Marc Georgen. D‘Partei wäert sech senger Meenung no weider entwéckelen. Dat an engem schwieregen internen Ëmfeld.
Dësen Artikel gouf gëschter Owend publizéiert an haut de Moien aktualiséiert.