Wärend deenen zwou Woche kënnen d‘Schüler hiert Schoulwëssen rëm opfrëschen.
Dëst Joer si 7.430 Schüler ageschriwwen, bal 5.600 Fondamental-Schüler a ronn 1.800 Lycées-Schüler.
Sprochen a Mathé staark gefrot
Am Fondamental sinn d‘Sproochecoursen, an do virop d‘Däitscht am meeschte gefrot. Am Secondaire sinn d‘Mathéscoursen am eeschte gefrot.
7. Editioun vun der Summerschool
D‘Summerschool war 2020 lancéiert ginn, fir de Schüler d‘Méiglechkeet ze ginn, dat wat si wärend der Covid-Kris verpasst haten, opzeschaffen.